Ecrit le 17.04.2011 15:04 Villmools Merci un d'Hëncherenger Musek (http://www.fanfare.lu) fir hier Ënnerstëtzung bei der Feier um Amerikanesche Kierfecht !
Ecrit le 19.07.2010 13:46 är musek ass schon esou gudd ewei vergangenheed !!! macht eppes dogeind !!MEE esou lang dier "dei" leid an der ären führungsplatzen hud kann et net bässer goen!!! Hämmer dierfchen steet net mei lang hannert der musek!!!!
- Marc Kaysen: Leider ass esou Kritik absolut net hëllefräich. Ech géif Iech bieden eis eng eMail ze schécken an dat Thema mat eis ze diskutéieren. Mir géifen Ären Léisungsvirschlag gären héieren.
Ech hoffen Dir hutt Verständnis dass iwwerflësseg, quasi-anonym Messagen ewéi Ären, ënner Ëmstänn direkt erëm geläscht ginn !
Ee gruesse Merci un all Musikant fir den Asatz vum amerikaneschen Commémoration-Dag
Dat war geschter tip-top gangen
Marc
Tim Meyers
Ecrit le 19.06.2009 12:50 moien, haat mech firun enger zeit bei iech gemellt an sinn zum erschloss komm dass ech mir eng aaner musik sichen an derr stadt. Hun an ärem agenda 2009 geckuckt an hun missen festellen dass dir vill concerten duechgestrach sinn an dann mengen ech dass et net esou ronn do leeft ...
net beis ophuelen weg.
wenschen iech alles guddes fir är zukunft.
M.T.
- Marc K.: Merci dass Dier iech nach eng Kéier hei gemellt hutt. Mier huelen dat net béis op an verstinn Är Entscheedung. Leider hu mir dëst Joer Problemer mat der Disponibilitéit vun eisen Musikanten (haaptsächlech duerch Studien am Ausland) an dofir hunn mir eisen Programm '09 missen drastesch reduzéieren.